arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Unerkennung vu Palästina: Just ee symboleschen Akt?

Noen Osten

|
headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow

Unerkennung vu Palästina: Just ee symboleschen Akt?

Och Lëtzebuerg huet zënter gëschter Owend offiziell de Staat Palästina unerkannt. Déi Decisioun ass op der UNO-Vollversammlung zu New York annoncéiert ginn, genee wéi virdru vu Frankräich, Groussbritannien, der Belsch, Australien oder Kanada.

headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow
© picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak)

Mee wat bréngt esou e Schrëtt wierklech? De Politolog Jan Busse vun der Bundeswehruni München, Expert am No-Ost-Konflikt, seet, et geet dobäi ëm méi wéi nëmmen en Zeechen. Fir hien ass d’Unerkennung laang iwwerfälleg.

"Dat ass sécherlech en iwwerfällege Schrëtt. Mee et däerf net bei engem symboleschen Akt bleiwen, et brauch e konkret politesch Schrëtt, deen zu enger Zweestaateregelung féiert."

D’Decisioun gesäit hien och als „Akt vun der Verzweiwlung“, well d’Leed vun der palästinensescher Zivilbevëlkerung am Gazasträif zënter Méint ouni Perspektiv ass. Parallel wier et ee vun de leschte Versich, d’Zweestaatenléisung iwwerhaapt nach ze retten.

EU ënnert Drock

Déi grouss Fro: Wéi eng Konsequenzen huet d’Unerkennung? De Busse erënnert dorun, datt d’EU iwwer Instrumenter verfüügt, zum Beispill d’Associatiounsofkommes mat Israel. Am Prinzip wier d‘EU verflicht, dat auszesetzen, wann et Verstéiss gëtt. Mee dat wier politesch schwéier ëmzesetzen, well Länner wéi Däitschland oder Italien op deem Punkt skeptesch sinn.

D’Fro bleift also, ob d’Unerkennung nëmme Symbolpolitik ass, oder och Drockmëttel an d’Hand vun Europa ginn.

Schwéier Gespréichspartner

Eng Zweistaateléisung wier ouni Verhandlungen net méiglech, mee grad déi gesäit de Busse aktuell als kaum realistesch.

"De Premier Netanjahu mécht ëmmer nees kloer, datt hien e palästinensesche Staat verhënnert. Seng Koalitioun besteet aus Acteuren, déi dat komplett ofleenen. Fir hien op e Verhandlungsdësch ze bréngen, ass extrem schwéier."

Och op palästinensescher Säit wier d’Situatioun net einfach: D’Parlamentswale leien zënter iwwer zwanzeg Joer zréck. Gläichzäiteg hätt de President Abbas op der UNO-Vollversammlung Reformbereetschaft a Commitment zu engem demokratesche Staat gewisen – eng Chance, déi misst genotzt ginn.

Wien ka vermëttelen?

De Busse gesäit d’Roll vun internationale Vermëttler als entscheedend.

"D’USA gi laang net méi als neutralen Acteur ugesinn, och ënner Trump net. D’EU misst aus dem Bäifuerersëtz an de Chaufferssëtz wiesselen. An och déi arabesch Golfstaaten kéinten eng Schlësselroll spillen, mat hire Ressourcen, déi fir d‘Erëmopbauen am Gazasträif an den Opbau vun engem funktionéierende palästinensesche Staat wichteg sinn."
play_arrow Lauschteren