arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrainkrich: Däitsch Lénkspartei net frou iwwer d'Verhale vun der Regierung

Däitschland

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Ukrainkrich: Däitsch Lénkspartei net frou iwwer d'Verhale vun der Regierung

De Friedrich Merz huet sech et dëser Deeg zur Aufgab gemaach, déi europäesch Länner a Punkto Ukrain zesummenzehalen. Luef gouf et dofir vun der SPD. An der Oppositioun gesäit dat anescht aus: De Merz géif a senger Aschätzung vum Donald Trump falschleien, seet de Lénke-Chef Jan Van Aken. 

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Den Donald Trump hätt den ukrainesche President Selenskyj am Wäissen Haus wéi e Schouljong behandelt, dem Wladimir Putin awer de rouden Teppech ausgerullt: Dat sot de Jan Van Aken, Parteichef vun Die Linke, am Summerinterview mat der ARD.

De Jan Van Aken begréisst, datt elo Gespréicher lafen - allerdéngs wieren déi keng Friddensverhandlunge soulaang d'Ukrain net selwer mat um Dësch géif setzen. Déi däitsch Lénkspartei kritiséiert d'Bundesregierung schonn zënter Laangem fir hir Waffeliwwerungen un d'Ukrain. Et kéint ee Russland zum Beispill och treffen, andeem ee géint illegal Uelegexporter, déi de Krich matfinanzéieren, géif virgoen.

Lars Klingbeil: Waffestëllstand ass Prioritéit

Den SPD-Chef a Vizekanzler Lars Klingbeil wollt sech iwwerdeems net dozou äusseren, wéi europäesch Sécherheetsgarantien un d’Ukrain no engem méigleche Friddensaccord kéinten ausgesinn. 

Déi nächst Woch wier fir d'Ukrain ganz decisiv, esou de Lars Klingbeil. Fir hie wier weider déi éischt Prioritéit: E Waffestëllstand. Duerno eréischt kéint iwwer alles geschwat ginn.

play_arrow Lauschteren