arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op neits Dronen um Flughafe München

Däitsch Police mellt

|
headphones

1 min

Op neits Dronen um Flughafe München

Iwwer dem Flughafen zu Münche goufen op en neits Drone gemellt. Vun der däitscher Police heescht et, si wieren um Freidegowend kuerz virun 11 Auer gesi ginn. Doropshi gouf de Flughafen op en neits gespaart an an der Nuecht ass ee Flugverbuet a Kraaft getrueden.

headphones

1 min

Rettungsdéngschter zu München um Flughafen | © picture alliance/dpa/onw-images | Enrique Kaczor
Rettungsdéngschter zu München um Flughafen (Foto: picture alliance/dpa/onw-images | Enrique Kaczor)

23 Fligere goufen ëmgeleet, 12 weider Vollen op Münche goufen annulléiert. Betraff waren am ganze 6.500 Passagéier, déi d‘Nuecht deels um Flughafen hu misse verbréngen.

Um Samschdegmoie gouf de Betrib um Münchener Flughafen nees lues a lues opgeholl. Et kann awer nach zu Retarde kommen.

Réischt an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg haten onbekannt Dronen de Betrib vum zweetgréissten däitsche Flughafe perturbéiert.

Och hei ass d‘Originn vun den Dronen nach net bekannt. Den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt huet annoncéiert, d‘Loftsécherheetsgesetz ze änneren. Domat soll och déi däitsch Arméi am Kampf géint Dronen agräife kënnen. Bis elo war dat d‘Aufgab vun der Police.

Russesch Attacken op d’Ukrain

Iwwerdeems huet déi russesch Arméi an der Nuecht op e Samschdeg d’Ukrain op en neits attackéiert. Ënnert anerem an de Stied Charkiw an Dnipro goufen Dronenattacke gemellt.

Och russesch Kampffligere sollen am Asaz gewiescht sinn. Zu Zaporizhzhia soll et Attacke mat Fligerbomme gi sinn.