Radioen

On air

Notturno  |  Angel Olsen - All The Good Times

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrainesch Truppen avancéiere weider an déi russesch Regioun Kursk

Russland evakuéiert verschidde Gebitter

Ukrainesch Truppen avancéiere weider an déi russesch Regioun Kursk

Aus Angscht virun engem weidere Virstouss vun den ukraineschen Truppen huet Russland elo een zweet Gebitt un der Grenz evakuéiere gelooss. Et handelt sech ëm d‘Regioun Belgorod, no bei der Regioun Kursk, an déi ukrainesch Truppen d‘lescht Woch virgedronge sinn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / globallookpress.com | Belkin Alexey
Foto: picture alliance / globallookpress.com | Belkin Alexey

Déi ukrainesch Truppe wiere bei hirer Offensiv an der russescher Kursk Regioun eng 30 Kilometer wäit a Russland eran avancéiert, esou de russesche Verdeedegungsministère.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selsenkyj huet d'Offensiv gëschter Owend an engem Videomessage fir d'éischte Kéier confirméiert. Hie sot, Russland hätt aus der Kursk Regioun schonn iwwer 2.000 Attacken op d'Ukrain lancéiert an d'Ukrain hätt d'Recht sech dogéint ze wieren.