Et wieren awer ronn 40 weider Länner duerch aner Regierungsmembere vertrueden. De Grond, firwat net méi Länner sech ugemellt hunn, wier, well Russland net bei der Konferenz dobäi ass. Länner wéi China hätten dofir d‘Invitatioun net ugeholl.
Et ass zwar dat éischt grousst internationaalt Treffen zum Theema Fridden an der Ukrain, awer et geet net ëm Friddensverhandlungen. D'Zil wier et, d‘Viraussetzunge fir e spéidere Friddenssommet, wou och Russland dobäi wier, ze schafen. Et soll ënner anerem iwwer humanitär Hëllef an nuklear Sécherheet goen.
Fir Moskau wier d‘Ukrain-Konferenz eng westlech Propaganda-Manifestatioun fir d‘Ënnerstëtzung vun der Ukrain.