Hien huet och der Republik Moldau felicitéiert well fir d’Nopeschland och nächst Woch Bäitrëttsverhandlungen ufänke.
Op der Front wier d’Situatioun allerdéngs schwiereg. Et wier den der Ukrain gelongen d’Situatioun ëm Kharkiv ze stabiliséieren, nodeems Russland do eng Offensiv lancéiert haten. Mee an der Regioun Donetzk ginn et Dosenden Attacken.
Russland huet eng nei tonneschwéier Bomm am Krich géint d’Ukrain agesat. Een Donneschdeg wier domadder ee Spidol zu Lypzi bombardéiert ginn. Een Dag drop gouf ee Schoulgebai an där Stad viséiert.
Déi super-schwéier Bomme géife vu Russland aus gestart. Aus deem Grond huet d’Ukrain gefrot fir d’Waffen déi se kréien och kënnen op russeschem Buedem ze notzen.
Holland huet iwwregens d’Liwwerung vun engem weidere Loft-Ofwier-System vum Typ Patriot annoncéiert