Kiew wéilt keng russesch Territoiren annexéieren. Hannergrond ass de Virstouss vun der ukrainescher Arméi an der russescher Grenzregioun Kursk.
Dem ukrainesche Chef-Kommandant no, géif déi ukrainesch Arméi elo 1.000 Quadratkilometer russeschen Territoire kontrolléieren. D‘russesch Arméi hätt eegene Aussoen no iwwerdeems neien ukraineschen Attacken an der Regioun Kursk ee Stréch duerch d‘Rechnung gemaach.
Russland huet vu Kursk schonn iwwer 120.000 Mënschen evakuéiert – weider Evakuatioune wieren amgaangen, heescht et.