Am administrative Beräich grad wéi um Poste vun de Nationaltrainer – bei de Fraen an de Männer – gouf et nei Gesiichter. Zil wier d’Professionaliséierung vun der Federatioun.
An de leschte Méint hat den Tommy Wirtz de Verwaltungsrot verlooss an och mam techneschen Direkter Alex Scheubel war d’FLH getrennte Weeër gaangen. Op der ausseruerdentlecher Generalversammlung war dunn den administrativen Direkter, Christian Schmitt, net dobäi.
Een neie Poste vum Generaldirekter
Dem FLH-President Romain Schockmel no, hätt een en Arrangement fonnt fir sech ze trennen. Hien huet och annoncéiert datt een an der Direktioun nei rekrutéiert.
"Do wäerten nei Leit bäikommen, verschidde Leit wäerten en anere Posten iwwerhuelen."
Gesicht gëtt och en neie Generaldirekter. Dee Poste gouf et bis ewell net, ma soll geschwënn ausgeschriwwe ginn. Et soll eng Persoun mat Kenntnisser am Sport sinn, mee et wieren déi akademsche Formatiounen déi néideg wieren.
"Notamment an de Kommunikatiounen, am Management, an der juristeschen Deel, déi méi gefrot sinn, wéi elo onbedéngt den Trainerstaff do ze ergänzen."
Nei Trainere kréie méi Verantwortung
Mat der Restrukturatioun wéilt ee sech méi professionell opstellen, esou de Romain Schockmel. Dobäi sollen den neien Hären Nationaltrainer, Didier Dinart, an d’Damme Nationaltrainerin Nina Kanto méi Responsabilitéit kréien.
Mat hinne soll och un enger Handballakademie zu Lëtebuerg geschafft ginn.
"Dat sinn déi zwee Leit, déi dat soss näischt aneschters gemaach hunn an hirem Trainerliewen, wéi esou Strukturen ze chaperonnéieren an do eng Erfarung ze hunn. An dat war och dat, wat mer onbedéngt wollten."
Béid Traineren hätte Kontrakter kritt fir sech mëttel- bis laangfristeg ëm d’Entwécklung vum Handball ze këmmeren, esou de Federatiounspresident Romain Schockmel, ouni awer weider Detailer iwwer d’Durée vum Kontrakt ze nennen.