arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewalt nom Match géint d'Jeunesse: Atert Bissen seet lo, si hätten ze séier reagéiert

Sport

|
reading time

1 min

Gewalt nom Match géint d'Jeunesse: Atert Bissen seet lo, si hätten ze séier reagéiert

De Fussball Club Atert Bissen reagéiert op d‘Gewalt nom Match géint d‘Jeunesse leschte Weekend. D‘Supporter vun Atert Bissen wiere provozéiert ginn, mee et wier falsch gewiescht, all d‘Jeunesse-Supporter an een Dëppen ze geheien, esou ee Communiqué vun Atert Bissen.

reading time

1 min

© Jo Welfringer
(Foto: Jo Welfringer)

Den FC Atert Bissen gëtt weider Erklärungen nodeems et d‘leschte Weekend beim Matcch géint d‘Jeunesse Esch zu Gewalt tëschent Supporter vu béide Veräiner koum.

An engem Communiqué vun Atert Bissen heescht et engersäits, d‘Supporter vun Atert Bissen wiere provozéiert ginn. Wéi si de Stadion verlooss hunn, wiere si vu Supportere vun der Jeunesse Esch ugegraff ginn, an d‘Situatioun wier duerno degeneréiert. 

Net jiddereen hätt matgemaach

Anerersäits betount Atert Bissen a sengem Schreiwes, net all d‘Supporter vun der Jeunesse wieren aggressiv gewiescht. Am Géigendeel hätte verschiddener gehollef, d‘Situatioun ze berouegen. 

Atert Bissen hätt do ze séier reagéiert an e Message op de sozialen Netzwierker publizéiert, deen ee mat Recul léiwer net verëffentlech hätt. Et wier besser gewiescht, mat de Betraffene vun der Jeunesse ze schwätzen.

Den FC Atert Bissen wéilt kee Konflikt tëschent béide Clibb verursaachen, heescht et nach am Communiqué.