arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA wëllen 200 Zaldoten an d’Gazasträif schécken

Fir Wafferou ze kontrolléieren

|
headphones

1 min

USA wëllen 200 Zaldoten an d’Gazasträif schécken

Déi israeelesch Regierung huet an der Nuecht op e Freideg déi éischt Phase vum Accord iwwer e Waffestëllstand an der Gazasträif an d’Fräiloossung vun de Geisele gutt geheescht. Dat no staarkem Drock vum amerikanesche President Donald Trump.

headphones

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Jim LoScalzo - Pool via CNP
Donald Trump (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Jim LoScalzo - Pool via CNP)

Et gouf an de stonnelaangen Diskussiounen an der israeelescher Regierung Widderstand vun de rietsextreme Regierungsmemberen, trotzdeem koum et zu enger Majoritéit.

Den Donald Trump sot, datt d’Geiselen e Méindeg oder en Dënschdeg géife fräikommen. Hie wéilt och bei der Iwwergab dobäi sinn.

D’USA wëllen d’Anhale vun där Wafferou mat eegenen Truppen ënnerstëtzen. Si géifen dofir 200 Zaldotinnen an Zaldote bereet stellen.