arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA gräifen an déi venezuelanesch Pëtrolsindustrie an

Ugrëff op Venezuela

|
headphones

1 min

USA gräifen an déi venezuelanesch Pëtrolsindustrie an

Den US-President Donald Trump séchert sech d'Kontroll vun der venezuelanescher Pëtrolsindustrie iwwer d'Recetten aus der Vente vum Pëtrol. Venezuela huet déi gréisst Pëtrolsreserven op der Welt.

headphones

1 min

© EPA/Henry Chirinos
(Foto: EPA/Henry Chirinos)

Op senger Online-Plattform Truth Social huet den Trump annoncéiert, Venezuela géif den USA elo bis zu 50 Millioune Barrel Pëtrol liwweren. Dee Pëtrol géif zum Maartpräis verkaf ginn, an d‘Sue géif hien als President vun de USA kontrolléieren, fir sécherzestellen, datt d‘Suen zum Wuel vum venezuelanesche Vollek an den USA gebraucht ginn, esou den amerikanesche President.