Zu Las Vegas gouf et eng weider déidlech Schéisserei mat 5 Doudegen, dorënner de presuméierten Täter, dee sech selwer erschoss huet, wéi d‘Police hie gestallt hat.
De Mann gouf verdächtegt, véier Leit erschoss ze hunn. Hir Läiche waren an zwou Wunnengen zu Las Vegas fonnt ginn.