D‘USA behaapten, datt Russland e Satellit lancéiert huet, deen als Waff am Weltall kéint benotzt ginn. Dee russesche Satellit wier leschten Donneschdeg lancéiert ginn a kéint warscheinlech aner Satellitten am Weltall ugräifen, sot e Spriecher vun amerikanesche Verdeedegungsministère.
Russland hätt och schonn 2019 an 2022 änlech Satellitte lancéiert, esou nach de Pentagon.