Den US-amerikanesche Flugzeugträger USS Gerald R. Ford, dee gréissten op der Welt, ass am Mier viru Venezuela ënnerwee. An de leschte Wochen hunn d‘USA an der Regioun eng 20 Booter zerstéiert, ronn 80 Mënsche sinn dobäi ëm d‘Liewe komm.
Duerch déi US-amerikanesch Attacke sinn d‘Spannungen tëschent den USA mat Venezuela a Kolumbien eskaléiert.