arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-Senat decidéiert finanziell Kierzunge fir net-kommerziell Medien

Medien

|
reading time

1 min

US-Senat decidéiert finanziell Kierzunge fir net-kommerziell Medien

Den US-Senat huet finanzielle Kierzunge bei net-kommerzielle Medien zougestëmmt, an domat der Demande vum President Donald Trump mat enger knapper Majoritéit gréng Luucht ginn.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Deemno sollen den Organisatiounen NPR fir de Radio a PBS fir d‘Televisioun am ganzen 1,1 Milliarden US-Dollar entzu ginn. Den Donald Trump reprochéiert hinnen, ze vill lénks-orientéiert ze sinn a géint déi republikanesch Partei ze sinn. 

D‘Representantenhaus huet de Kierzunge schonn zougestëmmt. Well de Senat awer keng Ännerungen virgeholl huet, mussen d‘Deputéiert nach eemol ofstëmmen.

D‘Kierzunge betreffen iwwer 1.000 virun allem kleng a lokal Senderen, déi staark op staatlech Subventiounen ugewise sinn.