Radioen

On air

Popfilter  |  Ben Kweller feat. The Flaming Lips - Killer Bee

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Regierung sträicht der Universitéit Harvard 2,2 Milliarden Dollar u Subventiounen

Wéinst angeeblechem Verstouss géint Biergerrechter

US-Regierung sträicht der Universitéit Harvard 2,2 Milliarden Dollar u Subventiounen

Déi renomméiert amerikanesch Uni vun Harvard kritt 2,2 Milliarden Dollar Subventioune vum Donald Trump senger Regierung bis op Weideres gestrach. D'Regierung gehäit der Uni vir, géint Biergerrechter ze verstoussen an den Antisemitismus net genuch ze bekämpfen. 

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

D'Regierung hat Harvard opgefuerdert eng Partie Mesuren ëmsetzen: Si misst d'Meenungsvillfalt bei de Studenten an dem Personal iwwerpréiwen a Verstéiss géint Reegelen a Wäerter bei den Autoritéite mellen. A bei der Opnam vu Studenten a Personal dierfte keng Diversitéits-Krittäre méi ugewannt ginn.

Den Harvard-President Alan Garber huet dat ofgeleent. Hien huet betount: d'Uni vun Harvard wier onofhängeg an et wier net un der Regierung hir eppes virzeschreiwen.