Radioen

On air

Concert  |  Zwee tschechesch Komponisten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-Regierung: Iranesch Attack op Israel imminent

Noen Osten

US-Regierung: Iranesch Attack op Israel imminent

D‘US-Regierung geet dovun aus, datt den Iran sech op eng imminent Attack mat Rakéite géint Israel preparéiert. Dat melle Medie mat Verweis op een héijen US-Responsabelen.

auto_stories

1 min

Israel wier prett, sech ze verteidegen an unzegräifen, esou d‘israeelesch Arméi. Déi hätt eegenen Aussoen no iwwerdeems op en Neits d‘libaneesesch Haaptstad Beirut attackéiert. Detailer feelen. 

Meldungen no wieren et zwee Ugrëff gewiescht.

Hënt huet Israel jo eng Buedemoffensiv am Süde vum Libanon lancéiert. Et wier bis ewell awer nach net zu Kämpf tëscht der Hisbollah an israeelesche Buedemtruppe komm. Dat mellt jiddefalls d‘Miliz. Déi israeelesch Arméi huet awer op en Neits Bierger vu bal 30 Gemengen am Libanon opgeruff, ze evakuéieren. Doropshi wier Panik a Chaos ausgebrach. Honnertdausende Leit sinn am Libanon den Ament op der Flucht. Am Ganze gi mat bis zu enger Millioun Banneflüchtlinge gefaart. D‘UNO huet dofir ee Spendenopruff vun iwwer 420 Milliounen Dollar lancéiert.

Den UN-Mënscherechtsbüro warnt sengersäits virun enger humanitärer Katastroph am noen Osten. D‘Gefor, datt aner Länner an der Regioun an déi militäresch Ausenanersetzung géifen era gezu ginn, wier ganz real, esou nach d‘Vereenten Natiounen.