Radioen

On air

Tockcity  |  The Slow Readers Club - Technofear

play_arrow Live
search

/ US-President Joe Biden erlaabt der Ukrain den Asaz vun amerikanesche Laangstreckerakéiten

Fir Ziler a Russland ze viséieren

US-President Joe Biden erlaabt der Ukrain den Asaz vun amerikanesche Laangstreckerakéiten

Den Nach-US-President Joe Biden huet der Ukrain säin Accord gi fir US-amerikanesch Laangstreckewaffe géint Ziler op russeschem Territoire ze benotzen. D'Aschränkunge vu bis elo wieren domat opgehuewen, esou den Joe Biden.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP

D'Regierung zu Kiew plangt eng éischt Attack an den nächsten Deeg. Detailer dozou sinn awer nach net bekannt. 

Dës Mesure vun der US-Regierung markéiert eng gréisser Meenungsännerung vum Joe Biden, dat kuerz virum Schluss vu senger Amtszäit. An enger Ried sot den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, datt d'Rakéite fir sech selwer schwätze wäerten.

De russesche President Wladimir Putin hat virdru betount, datt hien den Asaz vu westleche Waffe géint russesch Ziler als eng Participatioun vun der NATO am Krich bewäerte wäert.