arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-Pëtrolskonzerner si skeptesch wat dem Trump seng Pläng a Venezuela ugeet

Treffen am Wäissen Haus

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

US-Pëtrolskonzerner si skeptesch wat dem Trump seng Pläng a Venezuela ugeet

Den US-amerikanesche President Donald Trump hat déi gréisste Pëtrolskonzerner wärend engem Treffe gefrot, fir a Venezuela Honnerte Milliarden Dollar an de Pëtrolssecteur ze investéieren. Allerdéngs huet ënner anerem den US-Konzern Exxon sech skeptesch gewisen.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Den Donald Trump beim Treffe mam US-amerikanesche Pëtrolssecteur. | ©  EPA/JIM LO SCALZO / POOL
Den Donald Trump beim Treffe mam US-amerikanesche Pëtrolssecteur. (Foto: EPA/JIM LO SCALZO / POOL)

Skeptesch, well een de juristesche Kader net hätt, deen et géing erméiglechen effektiv an de Pëtrolssecteur ze investéieren an eng Garantie ze hunn, datt een ee Retour dovunner hätt.

Exxon-Chef widersprécht dem US-President

Och déi wirtschaftlech Konditiounen a Venezuela géife fir den Ament net stëmmen. Dat hat de Chef vun Exxon, den Darren Woods, virun deem Treffe mam Donald Trump der Press géintiwwer gesot.

Mat der US-amerikanescher Interventioun a Venezuela an der Entféierung vum President Nicolás Maduro, wëllt den Donald Trump nach ëmmer, datt d’USA bestëmme kënnen, wien un déi riseg Pëtrolsreserve a Venezuela ka kommen.

China ass ee vun deene Länner, déi am meeschte Pëtrol vu Venezuela ofkafen. Dat südamerikanescht Land ass also éischter vu China ofhängeg. Peking huet nämlech aner Sourcen, notamment Russland oder den Iran, fir u Pëtrol ze kommen.

Een Intressent aus Spuenien

D’Pëtrolsreserven a Venezuela si grouss, mee fir Sprit ze produzéiere brauch ee speziell Verfaren a Raffinerien. Eppes, wat US-Konzerner schonn hunn. A wann déi fir den Ament awer zécke fir ze investéieren, esou huet sech déi spuenesch-baskesch Pëtrolsfirma Repsol bereet erkläert, a Venezuela Mëttel anzesetzen.

Aktuell ass Repsol schonn a Venezuela aktiv an huet ugekënnegt, bannent e puer Joer d’Produktioun ze verdräifachen. Mee Repsol produzéiert nëmme 45.000 Barrel - oder ronn 7 Millioune Liter - pro Dag, wat keng enorm Quantitéit ass.

Eng Chance fir China?

Dobäi kënnt, datt weltwäit d’Energietransitioun am gaangen ass. D’USA mam Donald Trump schéngen ee Schratt no hanne wëllen ze maachen, mee Länner ewéi China kënnen ënner deene Konditiounen d’Elektrifizéierung vum Fuerpark oder vun der Produktioun nach méi no vir dreiwen.

Aktuell ass China Leader wat d’Produktioun vun Elektrogefierer ugeet. An deem Kontext schéngt et dann awer schwiereg fir Pëtrolskonzerner ze sinn, nei Investitiounen ze decidéieren. An dat an engem Land, wou et keng stabel ekonomesch a politesch Situatioun gëtt.

 

play_arrow Lauschteren