De Senateur John Kennedy sot esouguer, eng Invasioun vu Grönland wier “rakéiteméiseg domm”.
Accord vun 1951 spillt zentral Roll
An der Diskussioun ëm d’Zukunft vu Grönland kann een Accord aus dem Joer 1951 eng zentral Roll spillen.
Op Basis vun dësem Verdeedegungsofkommes tëschent den USA an Dänemark dierfen d’USA hir militäresch Presenz a Grönland theoretesch ausbauen, an dat ouni gréisser nei Verhandlungen oder d’Zoustëmmung vum Parlament zu Kopenhagen.
Dësen Accord ass am Kontext vum Kale Krich entstanen an erlaabt et den USA, Truppen ze stationéieren an Infrastrukturen op der Insel ze notzen.
1951 war et den USA gelongen, een Ofkommes auszehandelen, dat et hinnen erlaabt, déi arktesch Insel militäresch ze notzen, wann si dofir d’Verdeedegung vu Grönland iwwerhuelen.
Permanent US-Militärbasis a Grönland scho present
Grad lo berifft sech den Donald Trump op d’Wichtegkeet vu Grönland fir déi “national Sécherheet vun den USA”.
Schonn haut hunn d’USA eng permanent Militärbasis zu Pituffik, ganz am Norde vun der Insel. Ronn 150 Zaldote sinn do stationéiert.
Wärend dem Kale Krich waren et der bis zu 6.000. Deemools nach aus Angscht viru Survollen vu Grönland duerch eng sowjettesch Rakéit um Wee Richtung Nordamerika.
Eng Parti Experten ënnersträiche géintiwwer der AFP, datt Washington opgrond vun dësem Accord aus de 50er Jore relativ einfach hir Truppe verstäerke kéint, an dat ouni grouss Formalitéiten. D’USA missten Dänemark just doriwwer informéieren.
Militäreschen Asaz nach ëmmer an der Debatt
Dës juristesch Méiglechkeet erkläert, firwat vill Observateuren dovun ausginn, datt d’USA hir Presenz ouni gréisser Konfrontatioun mat Kopenhage verstäerke kéinten.
Gläichzäiteg huet den Trump awer och net ausgeschloss, militäresch Moyene anzesetzen, wat op Kritik vun den däneschen Autoritéite Grönland gefouert huet.
D’Regierung a Grönland selwer huet kloer gemaach, datt si net Deel vun den USA wëllt ginn. Dänemark a Grönland hunn iwwerdeems eng Entrevue mam US-Ausseminister Marco Rubio ugefrot. Déi soll d'nächst Woch stattfannen.