arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-Douanestaxen op verschidde Liewensmëttel opgehuewen

Ukënnegung Donald Trump

|
headphones

1 min

US-Douanestaxen op verschidde Liewensmëttel opgehuewen

Den US-President Donald Trump huet en Dekreet ënnerschriwwen, fir Rëndfleesch, Kaffi a ronn eng Dosen aner Liewensmëttelproduite vun deene méi héijen US-Douanestaxen auszeschléissen.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Arne Dedert
(Foto: picture alliance/dpa | Arne Dedert)

Et géif sech ëm Produiten handelen, vun deenen der net genuch an den USA kënne produzéiert ginn, esou déi amerikanesch Regierung.

An de leschte Woche gouf et och an den USA méi Kritik well déi héich Douanestaxen d‘Präisser vu ville Produiten eropgedréckt hunn.