D’Fra ass dono gestuerwen. Den Donald Trump huet d‘Beamte verteidegt, et wier Selbstverteidegung gewiescht. Den demokratesche Gouverneur vum Bundesstaat, den Tim Walz, huet iwwerdeems den Trump an seng Regierungspolitik schaarf kritiséiert.
Déi wiere just drop aus fir Angscht, Schlagzeilen a Konflikter auszeléisen.
Den Asaz vun der ICE ass e wichtege Bestanddeel vum Trump senger Migratiounspolitik. Hir Razzië féieren an demokratesch geféierte Stied reegelméisseg zu Protester. Zu Minneapolis goufen et an der Suite vun de Virfäll gréisser Protester.