Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-Ausseminister an Israel fir iwwer Wafferou ze beroden

Noen Osten

US-Ausseminister an Israel fir iwwer Wafferou ze beroden

Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken ass de Moien an Israel ukomm. Hie sot, et wier vläicht déi lescht Chance, en Accord fir eng Wafferou a fir d‘Fräiloossung vun de Geiselen an der Gazasträif ze fannen.

auto_stories

1 min

Antony Blinken | © picture alliance/dpa | Sina Schuldt
Foto: picture alliance/dpa | Sina Schuldt

Den Antony Blinken huet sech zu Jerusalem mam israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu getraff. No engem Gespréich ënner 4 An ass och e Gespréich am méi grousse Kader geplangt, heescht et vu Jerusalem. Et ass dem Antony Blinken seng 9. Visitt an Israel zënter dem Ufank vum Gazakrich virun iwwer 10 Méint. Den amerikaneschen Ausseminister soll nach bis muer an der Regioun bleiwen a soll vun Israel an Ägypten weiderreesen.

D‘Hamas an Israel gi sech den Ament géigesäiteg d‘Schold, datt et nach net zu engem Accord komm ass. Den Antony Blinken wäert probéieren, den Netanjahu zu méi Flexibilitéit bei de Verhandlungen ze beweegen.

De Moien huet déi israeelesch Police an de Geheimdéngscht matgedeelt, datt d‘Attack de Sonndeg zu Tel Aviv een terroristescht Attentat war. Eng Persoun gouf bei der Explosioun liicht blesséiert, de presuméierten Attentäter selwer ass dobäi ëm d‘Liewe komm. D‘Hamas an den Islameschen Dschihad hunn d‘Attentat elo revendiquéiert.