All Aktiounen, déi de ganzen Noen Osten an den Ofgrond kéinten dreiwen, missten evitéiert ginn, esou de Generalsekretär vun der UNO Antonio Guterres.
Den ieweschte Leader am Iran, den Ajatollah Ali Chamenei hätt den Uerder ginn, Israel direkt z’attackéieren, als Revanche fir den Doud vum Hamas-Auslandschef, mellt d’Zeitung „New York Times“.
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet sech un d’Populatioun geriicht, an huet däitlech gemaach, et wier een op all Zenario virbereet. Dem israeelesche Radio no, wier d’Loftofwier a „maximaler Bereetschaft“.
Staatstrauer vun dräi Deeg
Bei der staatlech-organiséierter Trauer-Zeremonie fir den Hamas-Chef Ismail Hanjah zu Teheran, waren Dausende Mënschen dobäi.
Déi iranesch Regierung hat eng Staatstrauer vun dräi Deeg ordonéiert. Den Hamas-Chef soll mar Freideg a Katar begruewe ginn.
Den Ismail Hanija war an der Nuecht op ee Mëttwoch am Iran d’Affer vun enger Attack aus der Loft ginn. D'Hamas an den Iran maachen Israel dofir responsabel.