arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ U21-WM-Quali amplaz Nationaldivisioun: Lëtzebuerg huet en neie FIFA-Arbitter

Fussball

|
headphones

2 min

headphones

5 min

play_arrow

U21-WM-Quali amplaz Nationaldivisioun: Lëtzebuerg huet en neie FIFA-Arbitter

De Loïc Thomas ass elo ee vun den dräi Lëtzebuerger FIFA-Schidsriichteren am Fussball. Am Interview erkläert dee 26 Joer jonken Arbitter, wat elo op hien duerkënnt.

headphones

2 min

headphones

5 min

play_arrow
© EPA/Tibor Illyes
(Foto: EPA/Tibor Illyes)

Hätt een him am Januar vun dësem Joer gesot, datt hie géif FIFA-Arbitter ginn, hätt hien et net gegleeft. Dat seet de Loïc Thomas am 100,7-Interview.  Am Juli wier awer dunn d'Chance komm, well eng Plaz fräi gouf. Schlussendlech konnt hie sech géint een aneren Arbitterkolleeg duerchsetzen.

Ee vun 3 Lëtzebuerger FIFA-Arbitteren

Et géing vill Aarbecht hannendru stiechen, betount dee 26 Joer ale Loïc Thomas. Déi lescht Tester hu bal 3 Méint laang gedauert. Déi final Decisioun huet dunn de ganze Kommitee vun den Arbittere geholl.  

Lëtzebuerg huet bei der FIFA dräi Plaze fir Arbitteren zegutt. Nieft dem Loïc Thomas sinn dëst de Jasim Sabotic an de Jeremy Müller.

Eng Variatioun vun internationale Matcher

FIFA-Arbitter ze si bedeit fir de Loïc Thomas an éischter Linn eng nei Etapp a senger Arbitterkarriär. National bleift hien der BGL-Ligue an der Nationaldivisioun erhalen. International kommen awer elo vill méi Deplacementer dobäi.

"Dat heescht Turnéier mat U-17-, oder U-19-Matcher, Youth League Matcher, Qualifikatioun fir Weltmeeschterschaft fir U-21, Conference-League-Qualifikatiounsmatcher. Dat heescht am Fong vill méi Matcher am Ausland."

An deene Matcher kann de Loïc Thomas Punkte sammelen, fir méi héich klasséiert Matcher päifen ze kënnen. Dës Punkte kritt ee vu Leit, déi d'Matcher observéieren an dann ee Rapport schreiwen. 

Éischten Arbitterstage op Zypern

Nieft der Praxis kënnt awer och Theorie dobäi. Fir de frësch gebakene FIFA-Arbitter kommen och Stagen dobäi.  

"Ech hunn e Stage mat der UEFA op Zypern, den 31. Januar bis de 5. Februar. Dat ass fir all neie FIFA-Arbitter. Dat ass een Introduktiounscours. A warscheinlech mat der Zäit kéint och e VAR-Camp dobäi kommen."

Vum Congé sportif profitéieren

D'Aarbecht vum Arbitter bedeit natierlech och, alles mam Privatliewen a mam Beruff ënner een Hutt ze kréien. Gereegelt ass dat duerch de Congé sportif. De Loïc Thomas schafft vollzäit als Kiné.      

"Ech si Salarié. Dat heescht, do muss de Patron och matspillen. De Patron spillt do mat an do kritt een de Congé sportif vum Staat fir esou Deplacementer. A gutt, datt mir dat hunn. Mir hunn der 25 d'Joer zegutt."

Op d'Fro, wat da säin Drammatch wier fir ze päifen, bleift den Arbitter professionell onparteiesch: "Dat behalen ech léiwer fir mech."

play_arrow Lauschteren