arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tubaksteier: Benefice iwwer der Gesondheet?

Ausbléck

|
headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Tubaksteier: Benefice iwwer der Gesondheet?

Zënter dem 1. Januar musse Fëmmerten zu Lëtzebuerg méi déif an d'Täsch gräife fir Tubak oder Zigaretten ze kafen. D'Accisen um Tubak goufen op den 1. Januar nämlech an d'Luucht gesat. Eng Diskussioun, déi eis wuel och am neie Joer begleede wäert.

headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow
© Bigstock / CatherineL-Prod
(Foto: Bigstock / CatherineL-Prod)

E Pak vun 20 Zigarette kascht zu Lëtzebuerg elo 30 Cent méi. 50 Gramm lassenen Tubak kascht 40 Cent méi. Mee trotz där Hausse sinn d’Präisser zu Lëtzebuerg nach ëmmer ënner deenen aus den Nopeschlänner.

Och an Zukunft wäerten dofir warscheinlech vill Leit op Lëtzebuerg komme fir Tubak ze kafen.

"Esou laang de Rubbel rullt, da rullt en"

Méi héich Tubakaccisen heescht och, datt déi national Recetten an d’Luucht wäerte goen. Dat freet natierlech den CSV-Finanzminister Gilles Roth, deen ëmmer nees op d’Wichtegkeet vun den Tubakaccisen higewisen huet.

Knapp 1,5 Milliarden Euro Recetten hors TVA erwaart den CSV-Finanzminister Gilles Roth fir d’Joer 2026 duerch d’Tubakaccisen.

"Déi, déi op dës Einname verzichte wëllen, jo, déi sollen de Leit och kloer erklären, wou si déi Milliard da wëlle spueren."

Fir de Gilles Roth wieren d’Recetten duerch Tubakaccisen den Ament awer alternativlos, sot hien an der Budgetsdebatt Mëtt Dezember. Kritik gouf et awer vun der LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding.

"Mir versti jo, datt dat vill Sue sinn, op déi Dir net wëllt verzichten, mee Dir ignoréiert de gesondheetlechen Aspekt. Dëse Geschäftsmodell ass net méi haltbar, mee esou laang de Rubbel rullt, da rullt en."

E Fall vun Hypokrisie?

Déi Kritik wëllt den CSV-Deputéierten a Budgetsrapporter Maurice Bauer net gëlle loossen. Hien hat Ufank Dezember am 100,7 Interview de selwechten Toun wéi de Finanzminister Gilles Roth ugeschloen a vun enger Hypokrisie an der Diskussioun ëm den Tubak geschwat.

"Den Alkohol ass och zum Beispill eppes. Mir gi virun zwee Joer d'Legaliséierung oder d'Regulariséierung vum Cannabis aféieren. Dat sinn alles Saachen, déi awer iergendwou an enger gewësser Kontradiktioun stinn, mat elo eng Verdäiwelung vum Tubak."

De Maurice Bauer sot, hie wier sech bewosst, datt vill Leit krank vum fëmme ginn, an datt dat verschidde Käschte géif mat sech bréngen. Mee den Ament kéint ee sech net erlaben op d’Recetten ze verzichten.

Kritik vun der Fondation Cancer

En Argument, wat d’Directrice vun der Fondation Cancer, d'Margot Heirendt, net verstoe kann.

"Mir gesinn all Dag Patienten, déi u Kriibs erkranken an déi deels och Fin de vie sinn. Also wann ech esou eng Ausso héieren, ech muss soen als Directrice vun der Fondation Cancer, dat ass schonn zimmlech traureg."

Fir d’Margot Heirendt géif d’Regierung net genuch agéieren. D’Erhéijung vun den Tubakaccisen, an domat den Tubakspräisser, wier dee beschte Wee fir dem Tubakskonsum entgéintzewierken.

Mee d’Regierung géif zécke fir d’Präisser hei am Land un déi aus dem Ausland unzepassen. Si géif et gutt fannen, wann d’Tubakspräisser an der ganzer EU änlech wieren.

EU-Pläng gefalen dem Gilles Roth net

Esou Pläng goufen d’lescht Joer op EU-Niveau och schonn diskutéiert. Dobäi geet et ëm eng europäesch Mindeststeier.

D’EU-Kommissioun hat proposéiert, datt d'Tubakssteier un d'Kafkraaft vun de jeeweilege Memberlänner soll ugepasst ginn an d'Memberlänner sollen en Deel u Bréissel oftrieden. Eng Iddi, déi dem Finanzminister Gilles Roth net ganz gefall huet.

"Mee datt hei e Facteur Kafkraaft a Betruecht gezu gëtt, dat ass dach sonns bëssen nei a mir wäerten dat kritesch kucken."

D’Directrice vun der Fondation Cancer, d'Margot Heirendt, ass sech bewosst, datt esou Recetten net einfach kéinte kompenséiert ginn, mee den Tubakskonsum hätt och héich sozial Käschten, an déi sollten an enger Etüd erfaasst ginn, fënnt si.

"Wa mir vu Coût social schwätzen, schwätzen ech net nëmme vun deene Leit, déi um Kriibs stierwen oder erkranken. Do si jo och nach aner Saachen hannendrun, wéi zum Beispill och déi Leit, déi kënnen net méi op der Aarbecht sinn. Dat heescht, dat alles bréngt nach aner Coûte mat sech, wéi just d'Krankheet u sech."

Net just Fëmmerte concernéiert

Fir d’Zukunft hofft d’Margot Heirendt, datt méi Efforten an d’Preventioun vum Tubakskonsum fléissen. D’Leit missten och besser ënnerstëtzt ginn, wa si wëllen ophale mam fëmmen, esou d’Directrice vun der Fondation Cancer.

Eng Méiglechkeet wier et, datt d’Nikotin-Ersatzproduiten, déi een an der Apdikt ze kafe kritt, komplett rembourséiert ginn.

"Ech denke mir u sech, et wier méi bëlleg doranner ze investéieren, dass d'Leit wierklech ënnerstëtzt ginn opzehale mat fëmmen, wéi dann op där anerer Säit vläicht just de Präis e bëssen an d'Luucht ze hiewen."

Fir d’Margot Heirendt wier den Tubakskonsum iwwerdeems kee Problem, dee just d’Fëmmerte géif concernéieren. Déi ganz Gesellschaft géif de Präis vum Tubakskonsum bezuelen.

Konkreet am Portmonni spieren et awer zënter gëschter fir d’éischt emol d’Fëmmerten. Déi mussen nämlech wéinst de méi héijen Tubakaccisen 30 Cent méi fir e Pak Zigarette bezuelen.

 

play_arrow Lauschteren