Virun allem déi mental Gesondheet vun deene Jonke wier beonrouegend. Enger rezenter Etüd iwwer d’Gesondheetsverhale vun deene Jonken no, hätt ee Véierel vun de Lycéesschüler uginn, datt se zejoert Suizidegedanken haten.
Mee och eeler Persoune leiden dacks ënner der Isolatioun.
Déi mental Gesondheet misst dee selwechte Stellewäert kréie wéi d’Kierpergesondheet, esou d’Taina Bofferding. Mee dat wier nach ëmmer een Tabutheema.
Mesüre weider koordinéieren
A fir deen Tabu ze briechen, misst een d’Leit sensibiliséieren an opklären, fir d’Unzeeche vun engem Suiciderisiko esou fréi wéi méiglech ze erkennen.
Am Suicide-Preventiounsplang, dee virun e puer Joer ausgeschafft gouf, sti spezifesch Moossnamen, ënner anerem d’Ausbildung vun Dokteren oder och Schoulpersonal. Mee all déi Mesüre misste koordinéiert weidergeféiert ginn, fuerdert d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding.
"Fir sécher ze goen, datt dee Plang net just e Stéck Pabeier bleift, fuerdere mir zum Beispill d'Mise en place vun enger spezifescher Struktur, déi sech ëm déi mental Gesondheet këmmere soll. D'Stéchwuert ass hei Gouvernance. Dat zesumme mat Vertrieder aus deene concernéierte Ministèren, awer och mat Leit vum Terrain, fir weider Expertisen eranzekréien."
Ee vun de Problemer zu Lëtzebuerg ass och d’Iwwerlaaschtung vun de Servicer, déi sech ëm déi mental Gesondheet këmmeren. Fir Laangzäit-Spidolsopenthalter geet d’Zuel vun de Better an d’Luucht. Och fir extern Servicer géifen Efforte gemaach ginn, huet d’Santésministerin Martine Deprez betount.
Den Tiers payant soll geschwënn applizéiert ginn
Eng Hëllef a punkto mental Gesondheet kënnt och vun de Psychotherapeuten. A wann et Psychotherapeute gëtt, esou wier et fir Jonker schwiereg, ee Rendez-vous ze kréien, huet d’Santésministesch erkläert. Par contre kéint elo geschwënn den Tiers payant applizéiert ginn.
"Dat hänkt do drun, datt mir nach ëmmer keng Konventioun mat de Psychotherapeuten hunn, datt mir nach ëmmer en Fonctioun vun där obligatorescher Konventioun schaffen, déi par Règlement grand-ducal en place gesat gouf an déi Negociatiounen nach net ofgeschloss sinn."
Mee et géing esou ausgesinn, wéi wann dës Negociatiounen an den nächste Méint kéinten ofgeschloss ginn, esou nach d'Ministesch weider. "An duerfir wäerte mir déi Mesür vum Tiers payant social esou séier wéi méiglech do en place setzen."
An der Chamber gouf iwwer eng Motioun dann eng nei Nummer, nämlech den 119 proposéiert, déi grad wéi den 112 kéint kontaktéiert ginn am Fall vu mentaler Verzweiwlung.