Experte ginn awer dovun aus, datt et mindestens fënnef Joer bräicht fir d'Infrastruktur nees opzebauen.
2007 war déi venezuelanesch Pëtrolsindustrie ënnert dem deemolegen Hugo Chávez verstaatlecht ginn. US-amerikanesch Konzern déi deemools Ueleg am Südamerikanesche Staat gefërdert hu missten d'Land verloossen. Den Donald Trump wëllt déi Virmuechtstellung vun den USA an der Ueleg-Industrie nees hierstellen.
Heivir misst eng enorm Zomm Geld ausgi ginn. Ma d‘Pëtrolsentreprisë géifen duerch de Staat oder duerch Revenuen dofir entschiedegt ginn, esou den US-President Donald Trump.
Hien hat nom US-Ugrëff op Venezuela an der Festnam vum President Nicolàs Maduro schonn ugekënnegt, datt US-Entreprisen d‘Pëtrolsindustrie a Venezuela erëm opbaue géifen. Venezuela huet déi weltwäit gréissten nogewise net raffinéiert Pëtrolsreserven.