Den Trump wëllt géigesteieren, an huet 1,5 Millioune Mataarbechter:inne vun der Arméi annoncéiert, datt si jeeweils e Scheck vun 1.776 Dollar kréien. Déi Warrior-Dividende, wéi den Donald Trump se genannt huet, soll nach viru Chrëschtdag ukommen, esou dem Donald Trump säi Verspriechen.
An där Ried huet hien op en Neits säi Virgänger Joe Biden schaarf attackéiert: Aussepolitesch Theeme wéi de Konflikt mat Venezuela, oder de Krich an der Ukrain, huet den Trump net erwäänt.