arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trump fuerdert Maduro op, säi Posten ze raumen

Konflikt USA-Venezuela

|
headphones

1 min

Trump fuerdert Maduro op, säi Posten ze raumen

Den US-amerikanesche President Donald Trump huet ugedeit, datt d'USA am Venezuela net just géint den Drogenhandel virginn, mee och e Muechtwiessel ustriewen.

headphones

1 min

© EPA/Doug Mills / POOL
(Foto: EPA/Doug Mills / POOL)

Gëschter um Méindeg sot den Donald Trump, de venezuelanesche President Nicolás Maduro hätt besser ze goen.

UNO-Weltsécherheetsrot befaasst sech mam Theema

Déi amerikanesch Ministerin fir de Schutz vun der Heemecht, d'Kristi Noem, sot hirersäits an engem Interview mat Fox News, den Nicolás Maduro misst säi Poste raumen.

Gläichzäiteg krut Venezuela weider Ënnerstëtzung vu Russland zougesot.

Haut um Dënschdegowend soll den UNO-Weltsécherheetsrot sech mat de Spannungen tëschent den USA a Venezuela befaassen. 

Militärpresenz däitlech erhéicht

D‘USA hunn hir Militärpresenz an der Karibik an de leschte Méint däitlech verstäerkt. Nieft Attacken op presuméiert Drogeschëffer aus Venezuela hunn d‘USA rezent och zwee grouss Pëtrolsschëffer saiséiert.

Déi Schëffer wieren Deel vun enger geheimer, illegaler Flott, mat där de Venezuela Sanktioune wéilt ëmgoen, behaapt Washington.