Radioen

On air

Vue sur mer  |  Quantic - Run Feat. Andreya Triana

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump beschëllegt Selenskyj indirekt, datt russeschen Aggressiounskrich nach keen Enn huet

A senger Villa a Florida

Trump beschëllegt Selenskyj indirekt, datt russeschen Aggressiounskrich nach keen Enn huet

Den Donald Trump huet dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj indirekt d'Schold ginn, datt de russeschen Aggressiounskrich géint d'Ukrain scho bal dräi Joer laang dauert. Den ukrainesche President hätt e Krich zougelooss, deen et ni hätt däerfe ginn, sot den US-President viru Journalisten a senger Villa a Florida.

auto_stories

1 min

Den Donald Trump op enger Pressekonferenz den 7. Februar 2025 | © picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP
Den Donald Trump op enger Pressekonferenz den 7. Februar 2025 (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP)

Zu de Kriticken, datt d'Ukrain net fir d'Gespréicher tëschent den USA a Russland gëschter a Saudi-Arabien invitéiert war, sot den Trump, d'Ukrain wier schonn dräi Joer laang derbäi an hätt scho laang en Accord mat Russland kënne fannen, an de bal dräi Joer, déi de Krich elo dauert. Den Donald Trump huet net erwäänt, datt Russland d'Ukrain ugegraff huet. 

Hie sot weider, et wier warscheinlech, datt hien de russesche President Wladimir Putin nach dëse Mount wäert begéinen.

D'Gespréicher gëschter a Saudi-Arabien tëschent den USA a Russland huet den Trump als "ganz gutt" qualifizéiert. Hie wier elo méi optimistesch iwwer e méigleche Fridde fir d'Ukrain.

De franséische President Emmanuel Macron huet annoncéiert, datt hien haut nach eng Reunioun mat e puer europäeschen a net-europäesche Staaten iwwer d'Ukrain géif ofhalen. Den Elysée huet net preziséiert, wéi eng Länner dat sinn.