D’EU-Vertriedung zu Kiew huet kloergestallt, datt si hiert Personal net aus der ukrainescher Haaptstad zeréckzéie wäert. Dat nodeems Russland all Auslänner opgeruff hat, Kiew ze verloossen a viru weideren Attacke gewarnt hat.
D’EU-Vertriedung weist déi russesch Fuerderung zeréck a beschëllegt Moskau, gezielt Panik verbreeden ze wëllen.
Gläichzäiteg mellt d’Ukrain nei russesch Loftattacken op d’Hafestad Odessa an aner Regiounen am Oste vum Land. Op d’mannst eng Persoun soll dobäi ëm d’Liewe komm sinn. 15 weider Leit wiere blesséiert ginn.