Radioen

On air

9 bis 1  |  Courtney Barnett, Kurt Vile - Over Everything

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méiglechen Interessenskonflikt: Stéphanie Weydert optimistesch am Amt kënnen ze bleiwen

Caritas Spezialkommissioun

Méiglechen Interessenskonflikt: Stéphanie Weydert optimistesch am Amt kënnen ze bleiwen

D'Spezialkommissioun Caritas an der Chamber wäerten de Comité d'ethique vun der Chamber an de Batonnier mat der Fro saiséieren, op d'Kommissiounspresidentin Stéphanie Weydert en Interessekonflikt huet. Dat deelen d'Deputéiert no der Sëtzung haut um Mëttwochmoie mat. 

auto_stories

1 min

Caritas | © Wikimedia Commons

Et wéilt een all méiglechen Interessekonflikt esou séier wéi méiglech bei Säit raumen, sou d'Deputéiert. Fir datt si kéinten hirer Aarbecht nogoen. Hannergrond ass e Bréif deen d'Caritas un d'Chamber geschéckt huet, an dem si hir Bedenken äusseren: D'Presidentin Stéphanie Weydert ass nach als Affekotin an der Boîte Arendt&Medernach gemellt. Déi vertrieden eng vun de Banken am Dossier.

D'Stéphanie Weydert weist sech awer optimistesch, datt si weiderhi ka Presidentin bleiwen. Ëmmerhin hätt si zanter engem Joer congé politique a géif deemno net méi als Affekotin schaffen.

CSSF: Legislative Kader vun de Banken ass resistent

Weider op der Dagesuerdnung stoung dann awer och d'Bankenopsiicht CSSF. Si hunn den Deputéierte Ried an Äntwert zu hirer éischter Analys ginn, an där si festhalen, datt de legislative Kader vun de Banken duerchaus resistent ass. Och wann et méiglech Verbesserungsvirschléi gëtt, beispillsweis mam Ëmgank mat onbekannten IBAN-Nummeren, sou den Direkter vun der CSSF, de Claude Marx, no der Chamberssëtzung. 

Hie betount awer, datt een zur lafender Enquête iwwert d'Roll vun de Banken an der Detournementsaffär Caritas fir de Moment näischt ka soen. Bis Enn Mäerz soll déi Enquête ofgeschloss sinn.