arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz den héije Spritpräisser: Zu Lëtzebuerg ass méi Bensinn getankt gi wéi zejoert

Pëtrolspräisser

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Trotz den héije Spritpräisser: Zu Lëtzebuerg ass méi Bensinn getankt gi wéi zejoert

Trotz den héije Pëtrolspräisser am Zesummenhang mam Krich géint den Iran, respektiv dem Blockage vun der Strooss vun Hormus, gouf zu Lëtzebuerg an deene leschte Méint net manner Bensinn verkaf wéi am Joer virdrun. Dat geet aus den aktuellen Zuele vun der Douanes- an Accisëverwaltung ervir.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Tankstell  | ©  EPA/ANNA SZILAGYI
Tankstell (Foto: EPA/ANNA SZILAGYI)

De Krich am Noen Osten huet sech an deene leschte Méint zwar wuel staark op d’Pëtrolspräisser ausgewierkt, mee getankt hunn d’Leit am Grand-Duché trotzdeem.

Zur Erënnerung: de Pic beim Diesel louch Ufank Abrëll bei ronn 2,19 Euro de Liter, beim 95er Bensinn gouf Ufank Abrëll en Héchstpräis vu ronn 1,85 Euro de Liter erreecht a beim 98er-Bensinn waren et bis ronn 1,97 Euro de Liter.

Et ass esouguer méi Bensinn verkaaft ginn 

Trotzdeem gouf zu Lëtzebuerg nom Ausbroch vum Krich esouwuel am Mount Mäerz, wéi och am Abrëll an am Mee dëst Joer, méi Bensinn verkaf wéi am selwechten Zäitraum vum Joer 2025.

Am Mäerz war et beim verkraafte Liter Bensinn eng Hausse vu ronn 17 Prozent, am Abrëll a Mee e Plus vun ëmmerhin nach ronn 6, respektiv 7 Prozent.

Deementspriechend gouf et och bei de Recetten an de Méint Mäerz bis Mee eng däitlech Hausse par rapport zu 2025: Am Mäerz waren et ronn 27,7 Milliounen Euro an deemno e Plus vun 19 Prozent. Am Abrëll a Mee ëmmerhin nach eng Hausse vu ronn 8, respektiv 9 Prozent.

Diesel: Ronn 100 Millioune Liter manner 

Liicht anescht verhält et sech iwwerdeems beim Diesel. Am Géigesaz zum Bensinn war däers scho virum Ausbroch vum Krich, also an de Méint Januar a Februar, liicht manner verkaf gi wéi am Joer virdrun.

Am Abrëll dëst Joer gouf es souguer däitlech manner verkaf wéi am selwechte Mount ee Joer virdrun, nämlech ronn 111 Millioune Liter. Am Abrëll 2025 waren et ronn 119 Millioune Liter: E Minus vu ronn 7 Prozent.

Am Mäerz an am Mee gouf allerdéngs liicht méi Diesel verkaf wéi nach 2025. 

Änlech wéi zu Lëtzebuerg war d’Entwécklung bei den Noperen aus der Belsch. A Frankräich awer war virun allem am Mount Abrëll zäitweis däitlech manner Bensinn an Diesel verkaf gi wéi am Joer virdrun. Aus Däitschland leien déi detailléiert Zuele fir dëst Joer nach net vir. 

play_arrow Lauschteren