arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trotz Wafferou: Dräi Persoune kommen no Dronenattack a Stad Gaza ëm d'Liewen

Noen Osten

|
headphones

1 min

Trotz Wafferou: Dräi Persoune kommen no Dronenattack a Stad Gaza ëm d'Liewen

Trotz der neier Wafferou an der Gazasträif, mellt déi palestinensesch Noriichtenagence Wafa, datt dräi  Mënsche bei enger Attack vun enger israeeleescher Dron an der Stad Gaza ëm d‘Liewe komm wieren.

headphones

1 min

© EPA/MOHAMMED SABER
(Foto: EPA/MOHAMMED SABER)

Trotz der neier Wafferou an der Gazasträif, mellt déi palestinensesch Noriichtenagence Wafa, datt dräi  Mënsche bei enger Attack vun enger israeelescher Dron an der Stad Gaza ëm d‘Liewe komm wieren.

Déi israeelesch Arméi huet matgedeelt, dass e puer Persounen op israeelesch Positiounen duerkomm wieren, dat wier eng Bedroung fir d‘israeelesch Zaldote gewiescht an eng Violatioun vum Accord iwwert d‘Wafferou. Well d‘Persounen, trotz Opfuerderungen net fort gaange wieren, wier mat Dronen op si geschoss ginn. Déi israeelesch Arméi huet d‘Populatioun an der Gazasträif opgeruff, net an d‘Géigend vun den Zaldoteposten ze kommen…