search

/ Traditionelle Regierungsbriefing: „Déi richteg Kris riskéiert eréischt ze kommen”

Premier Luc Frieden

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Traditionelle Regierungsbriefing: „Déi richteg Kris riskéiert eréischt ze kommen”

De Luc Frieden wëllt op Nofro hin net op méiglech Schwéierpunkte vun der Tripartite agoen. Hie wéilt de Gespréicher mam Patronat a mat de Gewerkschaften net virgräifen a sech als éischt mat de Sozialpartner austauschen, esou de Premier nom Regierungsrot.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
De Luc Frieden no senger Ried zur Lag vun der Natioun. | © Chambre des députés
De Luc Frieden no senger Ried zur Lag vun der Natioun. (Foto: Chambre des députés)

Am méi informelle Kader vum traditionelle Regierungsbriefing fir d’Press um Mäertchen ass de Luc Frieden och nach emol op seng Wierder gëschter an der Chamber agaangen, wou hien erkläert hat, datt déi richteg Kris riskéiere géif, eréischt ze kommen.

“Déi richteg Kris ka kommen, an dat war mäi Punkt, wann d'Strooss vun Hormus eng länger Zäit zou bleift, wa géif weider geschoss ginn an der Regioun vum Mëttleren Osten, wann also d'Ueleg produzéierend Länner net méi esou vill kënne produzéieren an net kënnen exportéieren, da wäerten d'Präisser richteg eropgoen.”

Da géife verschidde Produite knapp ginn. Dat wier och d’Analyse vun deenen anere Staats- a Regierungscheffen, esou nach de Premier.

Bléck op éischte Mee

De Gewerkschafte wäert de Premierminister schonn dëse Freideg begéinen. Selbstverständlech wier hien den 1. Mee bei de Gewerkschafte present, esou de Luc Frieden. An zwar mat engem Message vum Nolauschteren a vum Gespréich. De 6. Mee sinn da bilateral Gespréicher tëschent Regierung a Sozialpartner an den 12. Mee ass déi éischt Verhandlungsronn an der Tripartite.

play_arrow Lauschteren