Déi neisten Zuele vum STATEC géifen zwar weisen, datt den Aarmutstaux zejoert vun 18 op 14 Prozent erofgaange wier, esou d’Djuna Bernard gëschter an der Chamber.
Opfälleg wier awer, datt den Taux bei de Monoparentalle vun 31,8 Prozent 2024 op 40 Prozent 2025 geklomme wier.
"An dat trotz dem vill gelueften erhéichte Credit d’impot monoparental vun dëser Regierung."
Den DP-Familljeminister erkläert dat domat, datt den Echantillon relativ kleng wier, an dofir Verännerunge vun eenzele finanzielle Situatioune statistesch séier an d’Gewiicht falen.
Kannergeld soll an d'Luucht gesat ginn
Hien huet drun erënnert, datt d’Regierung decidéiert huet d’Kannergeld ze erhéijen.
"Mir wäerte grad dofir suergen, datt mir d'Kannergeld substanziell an d'Luucht setzen an den 1. Januar d'nächst Joer 45 Euro pro Kand pro Mount ënner zwielef Joer, 60 Euro pro Mount fir Kanner iwwer zwielef Joer."
Een anere Constat an der Chamber war, datt Sans-abrie guer net am PAN géint d’Aarmut virkommen. Grad fir dës "spezifesch Populatioun vum Sans-abrissme" géif d’Regierung bis Enn dës Jores ee separaten Aktiounsplang op de Wee bréngen, esou de Max Hahn.