Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tracë vun TFA am Mineralwaasser fonnt

Mouvement écologique

Tracë vun TFA am Mineralwaasser fonnt

An 10 vun 19 ënnersichte Marke vu Mineralwaasser goufen Tracë vun TFA fonnt. Dat ergëtt eng gemeinsam Analys vum Mouvement écologique a vun der Organisatioun PAN Europe. De Mouvement écologique verréit awernet, wéi eng Lëtzebuerger Mark belaascht ass.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock / showcake
Foto: Adobe Stock / showcake

International sinn awer Marken wéi Vittel, Spa oder Gerolsteiner drënner.

Déi sougenannten "Eiwegkeets-Chemikalie“ TFA, virun där scho méi laang gewarnt gëtt, breet sech also ongebremst weider aus. Et ass dëst e Produit, deen duerch Pestiziden a Killmëttel ofgesat gëtt a sech net ofbaut an der Ëmwelt. D‘EU-Kommissioun plangt zwee Pestiziden, déi dofir responsabel sinn, ze verbidden.

De Mouvement écologique fuerdert Lëtzebuerg op, dëse Verbuet ze ënnerstëtzen a méi streng Schutzmesurë fir Waasserquellen ëmzesetzen.