Radioen

On air

9 bis 1  |  Say Yes Dog - Stronger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zyklon Chido fuerdert op d'mannst 14 Doudesaffer am franséischen Département d’outre-mer Mayotte

Naturkatastroph

Zyklon Chido fuerdert op d'mannst 14 Doudesaffer am franséischen Département d’outre-mer Mayotte

D’Mandat vum neie franséische Premier fänkt net gutt un: Knapps ass de François Bayrou am Amt, ass hien nämlech mat den Auswierkunge vum Zyklon Chido konfrontéiert, deen de Samschdeg iwwert de franséischen Département d’outre-mer Mayotte am Indeschen Ozean gezunn ass an op d’mannst 14 Doudesaffer gefuerdert huet.

auto_stories

1 min

Illustratioun Stuerm | © picture alliance / Geisler-Fotopress | Christoph Hardt/Geisler-Fotopres
Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Christoph Hardt/Geisler-Fotopres

Dee Bilan riskéiert awer nach ze klammen. D’Insel, déi tëscht Madagaskar a Mozambique am Indeschen Ozean läit, ass dat äermst franséischt Département. Vill provisoresch Wunnenge goufen hei zerstéiert, woubäi doran op d’mannst en Drëttel vun der Populatioun vu ronn 320.000 Leit lieft. Den demissionären Inneminister Bruno Retailleau huet dann och de Samschdeg den Owend no enger Krisesëtzung zu Paräis vun enger dramatescher Situatioun op Mayotte geschwat.

D’franséisch Regierung wëll elo séier handelen an Hëllef schécken.

Eise Frankräich-Korrespondent Max Tholl mat weideren Erklärungen

Lauschterenplay_arrow