Ekonomesch gesi wier d’Joer 2025, och wann et schlecht ugefaangen hätt, am Laf vum Joer besser ginn, esou den Tom Haas.
Den Impakt vun der Hausse vun den US-amerikaneschen Douanestaxen hätt sech zu engem gudden Deel verzögert an duerch den Accord mat der EU wier den Impakt manner schlëmm.
De Gros vum Impakt wäert awer d’nächst Joer kommen, esou nach den Tom Haas.
“Et ass gewosst, datt den Impakt vun esou engem Zoll ekonomesch net positiv ka sinn. Do wäert jiddweree verléieren. Mee et sinn eeben och positiv Elementer an der Weltwirtschaft ze gesinn oder an der europäescher an notamment d'Baisse vun den Zënssätz, déi kuerbelen d'Ekonomie awer erëm lues a lues bëssen un.”
Positiv Projektioune fir 2026 a 2027?
D’Projektioune fir déi nächst Jore wieren am Verglach zu de leschten dräi Joer positiv, generell wiere se awer méi schlecht wéi am Joerzéngt virdrun, betount de Statec-Direkter.
“Well mir awer net méi an enger Welt sinn, wou eis Wirtschaft an enger Moyenne mat 3 Prozent wiisst, mee warscheinlech bedeitend manner, vläicht nach nëmmen nach mat 2 Prozent.”
KI: Zwou Säite vun der Medaile
Den Niveau vun der Produktioun wier zwar weiderhi ganz héich, esou den Tom Haas, mee den Zouwuess vu méi Produktivitéit géif ëmmer méi kleng ginn.
"Do kann een natierlech elo drop hoffen, datt zum Beispill kënschtlech Intelligenz an deenen nächste Joren, do kéint eppes derzou bäidroen, datt mer erëm méi Produktivitéit hunn."
KI kéint iwwerdeems hëllefe fir den ekonomesche Wuesstem nees unzekierpen, erkläert den Tom Haas.
"An all deene Joren do virdrun, ass ëmmer geschwat ginn, datt déi gréisste Brems fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft ass eigentlech deen, datt mer net genuch qualifizéiert Aarbechtskräfte fannen. Dat heescht, do kann d'KI sech hëllefen, ëmsou méi, wann d'Kënschtlech d'Intelligenz eeben e Partner ass u sech vun deenen Aarbechtsplazen."
D’KI hätt awer och eng aner Säit vun der Medail, esou den Tom Haas. 15% vun den aktuellen Aarbechtsplaze kéinte verschwannen, laut enger Etude vum STATEC.
"Jo, et si méi repetitiv a méi onqualifizéiert Aarbechtsplazen, déi kéinte verschwannen duerch KI, duerch Robotiséierung. D'Fro ass duerno, wéi séier verschwanne se?"
Wann d’Entwécklung vun der KI um Aarbechtsmarché sech iwwer e puer Jore verdeelt, kéint sech dat domat ausgläichen, datt den Aarbechtsmarché souwisou weider wiisst, esou nach den Tom Haas.