Et ass déi éischte Kéier, datt d’EU-Institutioun de sou genannten "Digital Markets Act" applizéiert: D’EU-Kommissioun verhänkt Strofen a Milliounenhéicht géint Apple a Meta - well béid Entreprisë géint déi Europäesch Reegele fir den Digitale Maart verstouss hunn.
Enquête gouf scho virun engem Joer lancéiert
Apple muss där Decisioun no eng Strof vu 500 Milliounen Euro a Meta eng Strof vun 200 Milliounen Euro bezuelen.
Apple gëtt sanktionéiert, well de Konzern et net erlaabt, datt Entwéckler vun Applikatiounen hir Notzer op méi bëlleg Alternative baussent dem App-Store vun Apple opmierksam maachen.
Meta iwwerdeems huet der Kommissioun no géint d’EU-Reegele verstouss, wéinst der Gestioun vu perséinlechen Donnéeë vun hire Clienten. D’Notzer vu Facebook oder Instagram mussen entweder d’Accord sinn, datt Meta a breeder Form Accès op hir Donnéeën huet oder awer een Abonnement bezuelen.
Politesch brisante Moment
Den "Digital Markets Act" ass zënter engem Joer a Kraaft, e gouf nach ni applizéiert. Zil vun der Direktiv ass et, d’Rechter vu Konsumenten a klengen Entreprisen ze stäerke par Rapport zu de grousse Konzerner, déi de Marché dominéieren.
D’Enquêtë géint Apple a Meta ware virun engem Joer lancéiert ginn. D’Kommissioun hat d’Publikatioun vun hiren Decisiounen doriwwer schonn e puer Mol verluecht - wuel well een am Handelskrich mat den USA eng weider Eskalatioun gefaart huet.
Ënner anerem d’Europaparlament hat an der Lescht Drock gemaach. D’EU dierft d’Applikatioun vun hire Gesetzer net vun engem Handelskrich ofhängeg maachen, sou verschidden EU-Deputéiert.