Radioen

On air

Notturno  |  Maya Ongaku - Iyo No Hito

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Thailand: Premierminister trëtt no manner wéi engem Joer am Amt zeréck

Asien

Thailand: Premierminister trëtt no manner wéi engem Joer am Amt zeréck

Nei politesch Onrouen an Thailand: No manner wéi engem Joer am Amt muss de Premierminister Srettha Thavisin scho rëm zerécktrieden. D‘Verfassungsgeriicht zu Bangkok huet den 62 Joer alen Thavisin ofgesat.

auto_stories

1 min

Srettha Thavisin | © picture alliance / NurPhoto | Anusak Laowilas
Foto: picture alliance / NurPhoto | Anusak Laowilas

Eng Dose Senateuren, déi dem Militär nostinn, haten am Mee eng Plainte géint de Premier agereecht. Si geheien him fir, e Minister nominéiert ze hunn, deen 2008 wéinst engem Korruptiounsskandal verurteelt gi war. Dee Minister war schonn am Mee dowéinst zeréckgetrueden.

Dëst Urteel fir de Premier ofzesetze koum awer fir vill politesch Observateuren éischter iwwerraschend.