Der europäescher Associatioun vun den Auto-Constructeuren no, wieren am Januar a Februar ronn 56.000 Teslaen an der EU ausgeliwwert ginn. Dat wier ee Réckgang vun 49 Prozent.
Den Ofsaz vun allen Elektroautoen an der EU wier dogéint an den éischten zwee Méint vum Joer ëm iwwer 28 Prozent geklommen, op ronn 255.000 Autoen.
Als ee vun de Grënn fir de Réckgang vun den Tesla-Venten nenne Medie en Image-Schued wéinst der Roll vum Tesla-Chef Elon Musk als Beroder vum amerikanesche President Donald Trump