Niewent Attacken op presuméiert Drogeschëffer aus Venezuela hunn d‘USA rezent och zwee grouss Pëtrolsschëffer saiséiert. Een drëtt Schëff gëtt den Ament verfollegt.
Den Donald Trump huet och schonn e puer Mol ugedeit, datt hien e Muechtwiessel zu Caracas wéilt an deemno eng Demissioun vum President Nicolas Maduro.