Viru ronn dräi Wochen huet Tarkett GDL ugekënnegt, 126 Employéen trotz Plan de maintien dans l‘emploi entloossen ze wëllen, well bis Enn dës Joers eng Produktiounslinn am Wierk zu Lentzweiler bei Klierf gestoppt soll ginn.
Weider wëllen d‘Gewerkschaften an d‘Direktioun vun der Entreprise elo eng Entrevue mam Aarbechtsministère ufroen, fir iwwer Upassunge vun der Preretraite ze diskutéieren.