arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taiwan betount Onofhängegkeet – Waffeliwwerung aus USA nach onkloer

No Trump-Visitt

|
reading time

1 min

Taiwan betount Onofhängegkeet – Waffeliwwerung aus USA nach onkloer

Taiwan reagéiert op d’Warnung vum Donald Trump bei sengem Besuch zu Peking a betount d’Onofhängegkeet vun der taiwaneesescher Natioun. Taiwan waart iwwerdeems op eng Zouso fir eng Waffeliwwerung duerch d’USA. Den Donald Trump léisst op seng Entscheedung waarden.

reading time

1 min

Den US-President Donald Trump | © EPA/Francis Chung / POOL
Den US-President Donald Trump (Foto: EPA/Francis Chung / POOL)

China gesäit Taiwan als eng vu senge Provënzen, déi nach net mam Rescht hätte kéinte vereent ginn. Den US-President Trump hat um Freideg Taiwan virun Onofhängegkeetserklärunge gewarnt. Dat nodeems de chineesesche President Xi Jingping an engem Tëleesinterview Kommentarer zur Insel gemaach hat.

Trump wëllt Drockmëttel géint China

D’USA sinn dem “Taiwan Relations Act” vun 1979 no, verpflicht Taiwan mat Defensewaffen ze beliwweren.  

Den Ament huet den Donald Trump nach keng Entscheedung geholl iwwer déi nächst wichteg Waffeliwwerung un den Taiwan. Domat hält hie sech en Drockmëttel géint China. “Et hänkt vu China of”, sot den Donald Trump bei Fox News. Et géif ëm Waffe vu ronn 11 Milliarden US-Dollar goen.

China dreet Taiwan

Taiwan huet ni zu der kommunistescher Volleksrepublik gehéiert. China huet Taiwan awer scho mat Militärasätz gedreet.