De Bilan vum Wirbelstuerm op de Philippinnen ass elo op 26 Doudeger geklomm. Verschidden Deeler vum Inselstaat, besonnesch am Osten an am Zentrum, stinn ënner Waasser. 400.000 Mënsche sinn deplacéiert ginn.
Déi meescht Affer sinn erdronk, et gëtt gefaart, dass de Bilan nach wäert klammen.
Den Taifun zitt elo a Richtung Vietnam an Thailand.