arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op d'mannst 40 Doudeger bei Iwwerschwemmungen op Sri Lanka

südostasiatescht Land

|
headphones

1 min

Op d'mannst 40 Doudeger bei Iwwerschwemmungen op Sri Lanka

Op Sri Lanka klëmmt d‘Zuel un Doudesaffer duerch schwéier Iwwerschwemmungen op op d‘mannst 40. Eleng an der Regioun Badulla wieren den zoustännegen Autoritéiten no 21 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Iwwer 1.800 Famillen hu missen an Noutënnerkonften bruecht ginn.

headphones

1 min

E Mann spadséiert op Sri Lanka duerch de Reen | © picture alliance / NurPhoto | Thilina Kaluthotage
E Mann spadséiert op Sri Lanka duerch de Reen (Foto: picture alliance / NurPhoto | Thilina Kaluthotage)

Staarke Reen huet an der Nuecht schwéier Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher verursaacht. Et sinn déi gravéierendst Reefäll zënter 2003 an där Regioun, wou deemools 254 Mënschen ëm d‘Liewe koumen.