Hie confirméiert iwwerdeems, datt ee lénksextremen Aktivist gëschter festgeholl ginn ass. Am Auto vum Verdächtege wieren Zangen an ee Schlëssel fir déi technesch Anlage vun der SCNF fonnt ginn.
Aus dem franséischen Transportministère heescht et, datt déi franséisch TGVen de Moien nees all normal fueren. D‘SNCF hat gëschter scho matgedeelt, datt no de Sabotage-Akte vum leschte Freideg d‘Fléckaarbechte fäerdeg wieren, an haut net méi mat Perturbatiounen ze rechne wier.