Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Jimmy Smith - Jingle Bells

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Syrien: Op eng besser Zukunft 

Fräie Mikro

Syrien: Op eng besser Zukunft 

Dëse Weekend goufen den Diktator Assad a säi Regimm a Syrie gestierzt. D’Zukunft vum Land, no 13 Joer Biergerkrich a Joerzéngten Terror géint déi eege Bevëlkerung, bléift ongewëss. An dach dierf ee sech freeën, aller Ongewëssheet zum Trotz, dat mengt den Affekot a Mënscherechtsaktivist Frank Wies a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Den Affekot a Mënscherechtsaktivist Frank Wies.

"Et ass zwar een Drecksak, mee et ass eisen." Dat soll de fréieren amerikanesche President Roosevelt emol iwwert den Diktator Somoza aus dem Nicaragua gesot hunn.

Besser hätt de russesche President Putin et wuel och net iwwert de Baschar al-Assad soe kënnen. War hien et dach, deen dësem 2015 seng Herrschaft mat militärescher Hëllef gerett huet. Well all Repressioun an all Grausamkeeten, wéi de Gebrauch vu chemesche Waffen oder d’Bombardéiere vu Schoulen a Spideeler, hätten aleng dem Assad säi Stuerz scho virun 10 Joer wuel net verhënnert. Dofir huet hien Hëllef aus Russland, dem Iran a vun  der Hisbollah aus dem Libanon gebraucht. 

Vill Länner wëllen elo matschwätzen

Elo ass et dann op eemol schnell gaangen. Russland stécht a sengem Iwwerfall op d’Ukrain fest, den Iran an nach méi d’Hisbollah si vun Israel gedemütegt ginn. Ouni  seng Komplizen ass dem Assad säi Regimm an zwou Wochen zesummegebrach.

Iwwerrannt vun engem Ugrëff vu Milizen, där hir Nimm a virun allem hir Absichte kaum bekannt sinn. Et ass dann och schwiereg ze soen, wéi d’Zukunft a Syrien nom Verbriecher Assad ausgesäit. Ze grouss si wuel och d’Interête vu Länner wéi der Tierkei, Israel, ouni den Iran ze vergiessen, fir ze hoffen, datt déi net wéilte matschwätzen, wa sech entscheet, wien d’Muecht zu Damaskus iwwerhëlt. An d’Gefor vun enger Zerspläiterung vu Syrien a verschidden Aflosssphäre bei weidere bewaffnete Konflikter ass wuel och reell.

Diskussioun ëm d'Flüchtlingen

Mee elo ass ee Moment vun der Freed. Sech freeë mat alle Syrer, déi ënnert dem Assad agespaart a gefoltert goufen, mat all deenen, déi verdriwwe goufen, an am Exil, niewent der Suerg ëm déi doheem, oft mat enger begrenzter Gaaschtfrëndlechkeet konfrontéiert sinn.

Et wäert wuel och net laang daueren, bis Stëmmen aus Europa fuerderen, all Syrer misst nees heem geschéckt ginn. Déi selwecht Leit, déi all déi Joren nogekuckt hunn, wéi den Assad an seng Komplizen säi Vollek vergewaltegt an eng rout Linn no der anerer iwwerschratt hunn, wäerten et sech net huele loossen, elo d’Schicksal vun de syresche Refugiéeë fir hir politesch Agenda zynesch ze mëssbrauchen.

Amplaz d’Syrer selwer entscheeden ze loossen, ob a wéini si sech e Liewen a Sécherheet a Fridden an hirem Heemechtsland nees virstelle kënnen.

D'Hoffnung stierft als lescht

Wärenddeem ass den Assad zu Moskau ënner komm. Gläich a gläich gesellt sech.

Wann een haut, um Dag vun de Mënscherechter (10.12), ee fromme Wonsch fräi huet, dann deen, datt de Putin an den Assad sech enges Daags eng Zell deele wäerten zu Den Haag beim internationale Strofgeriichtshaff. Am Erwaarde vun hire Prozesser wéinst Krichsverbriechen a Verbrieche géint d’Mënschlechkeet.

Et soll een d’Hoffnung ni opginn. Och dat ass eng Léier aus de leschten Deeg.

Lauschterenplay_arrow